Skip to main content Skip to page footer

"Biblesch" Ausdréck, déi an d'Alldaagssprooch iwwergange sinn

Wou se hirkommen a wat se eigentlech bedeiten

Apocalypse now? Apokalyptesch Biller?

Kommt, kucke mer mol, wou dat Wuert hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass: 

d’Verbe “apokalypto” bedeit am Griicheschen, dat zu dier Zäit, wéi d’Aalt Testament aus dem Hebräeschen op Griichesch iwwersat gouf, an och nach, wéi d’Bicher vum Neien Testament geschriwwe si ginn, fir d’éischt emol “eppes fräi maachen” (wéi z.B. de Kapp fräi maachen, wann een e Schleier ausgedoen huet), an “eppes weisen” (wat virdru verstoppt woar). 

Am iwwerdroene Sënn bedeit “apokalypto” dann och “maachen, datt eppes voll a ganz bekannt a gewosst gëtt”, dat dann och doruechter “verbreet” gëtt – et ass, wéi wann “e Rido op eng Säit gezu gëtt”.

Elo goufen et zanter dem 6. Jorhonnert vru Christus Texter, déi « e Rido op eng Säit zéie » wollten, besonnesch awer gouf et dier tëscht dem 2. Jorhonnert vrun an dem Ufank vum 2. Jorhonnert no Christus ; Texter, Bicher, déi mer an der Bibel erëmfannen, awer net alleguerten. Dës Texter a Bicher goufen « Apokalypse » genannt, eng litteraresch Gattung, esou wéi et der och haut gëtt, z. B. déi litteraresch Gattung vum Krimi, vum Abenteur-Roman, an nach vill anerer.

Et ginn an der Bibel Apokalypsen am Alen Testament; am Bekannste sinn dat do d’Kapitele 7-12 aus dem Buch Daniel. Am Neien Testament ass et d’”Apokalyps vum Johannes”, dat lescht Buch vun der Bibel.

Vru wat soll dann do de Rido op d’Säit gezu ginn? Wat soll bekannt, gewosst an doruechter verbreet ginn?

Ma, datt d’Judden oder d’Chrëschten sech duerch allerlee Ënnerdréckung a Widderstänn, déi si erliewen, net ënnerkréie loosse sollen : déi grujeleg Beschreiwunge vu Katastroophen a Krankheete sinn Ëmschreiwunge fir déi schwiereg Ëmstänn an deenen si deemools gelieft hunn.

Apokalypsen an der Bibel ruffen dozou op ze lauschteren, d’Aën opzemaachen, ze kucken an ze verstoen, wat hannert deem steet, wat an der Welt geschitt; a fir d’Judden an d’Chrëschten aus dier Zäit, huet dat bedeit datt et Gott ass, deen hannert Allem steet, vum Ufank bis un d’Enn an doriwwer eraus.

Firwat ginn dann esou verschlësselt Biller gebraucht? Ma, well wann eppes ënnert Verschloss ass, ass et wichteg; et muss een sech ustrenge fir drun ze kommen oder awer, et muss een zum Krees vun deene gehéieren, déi e Schlëssel hunn. 

Eng Apokalyps ass also net e Buch iwwert Katastroophen, déi geschéien oder um Punkt sinn ze geschéien. Zu engem Buch iwwert Katastroophen gouf z. B. d’Apokalyps vum Johannes eréischt ëmt d’Joer 1000, wéi a Priedegten déi däischter Biller, déi fäerten dinn, betount goufe fir datt d’Nolauschterer sech séier vill Méi ginn, d’Kéier an hirem Liewen ze kréien.

An, dovunner ofgesinn, huet de Mënsch ganz allgemeng d’Tendenz, éischter schlëmm Noriichten virunzegi wéi dier gudder; et brauch een nëmmen eng Zeitung opzeschloen oder d’Noriichten op der Telee ze kucken.

Eng Apokalyps ass also e Buch mam Opruff fir duerzehalen : Hire Message ass et, datt net alles ëmsoss ass; fir déi, déi eng Apokalyps geschriwwen hunn, hat d’Geschicht vun der Welt - an och hir eegen - e Sënn. Och, wann et dee Moment grad net dono ausgesinn huet.

 

Sech fillen, wéi en “einsame Rufer in der Wüste”? Sech fillen, wéi “eng Stëmm, déi an der Wüüst rifft”?

Kommt, kucke mer mol, wou deen Ausdrock hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:

D’Bild vun enger Stëmm, déi an der Wüüst rifft, kënnt aus den Evangelien a gëtt do op de Johannes den Deefer bezunn. D’Bild selwer awer ass aus der Griichescher Iwwersetzung vum Alen Testament, méi genee aus dem Buch vum Prophéit Jesaja iwwerholl, aus dem 40. Kapitel, dat laang viru Christus néiergeschriwwen an dono iwwersat gi woar. 

Mee, firwat sinn da Passagen aus dem Alen Testament iwwerholl ginn, an engem oder eppes an den Evangelien zougeuerdent ginn? 

Ma, dat ass geschitt wéi déi éischt Generatioune vun Unhänger vum Jesus vun Nazareth – déi éischt Chrëschten also - sech beméit hunn, méi genee ze verstoen, wien dee Jesus wier a wat seng Missioun woar : Dofir sinn si an hir helleg Schrëften – haaptsächlech an d’Schreiwësse vun de Prophéiten an an d’Psalmen – no Erklärunge siche gaang, no Texter, wou si gemengt hunn, Äntwerten op hir Froen ze fannen.

A genee dat ass och hei geschitt: Engersäits woar do de Priedeger Johannes, deen, wuël mat Lächer a senger Biographie, och baussent dem Neien Testament beim Juddesch-Réimesche Geschichtsschreiwer Flavius Josephus bekannt ass. - De Johannes gouf “den Deefer” genannt ; op dier anerer Säit woar do de Jesus vun Nazareth; déi zwee, grad ewéi hir Schüler, hir Jünger, hunn sech, den Evangelien no, kannt an si haten op d’mannst zäitweileg mateneen ze dinn. - Den éischte Chrëschten huet et du geschéngt, wéi wann de Johannes, mat deem, wat hie gesot a gemeet huet, op de Jesus a seng Missioun higewisen hätt. Dat heescht, datt de Johannes déi “Stëmm” woar, déi “an der Wüüst” geruff huet an déi laang virdrun am Buch Jesaja ugekënnegt gi woar.

Wat huet hien dann elo geruff?

Ma, zum Beispill, datt et héich Zäit wier, datt d’Leit « ëmdenke » géifen. Haut géife mer soen, datt et héich Zäit wier “eng aner Haltung am Liewen” anzehuelen an dann och unzefänken, anescht ze liewen. An den Evangelie gëtt verzielt, datt ganz vill Leit aus de Stied an den Dierfer eraus bei de Johannes un de Rand vun der Wüüst bei de Jordan gaange si fir ze héieren, wat hie sot. Vill hunn sech der och vun him am Waasser ënnerdauche gelooss, fir ze weisen, datt si wierklech eppes an hirem Alldag ännere wéilten.

Mee, hie wier awer net bei jiddferengem gutt ukomm mat sengem Opruff : Esou wier de Kinnik Herodes Antipas guer net frou gewierscht, wéi de Johannes him ëffentlech d’Levitte geliesen huet, well hien sech mat senger Schwéiesch bestuet hat. An um Enn hätt dat hie wuertwiertlech de Kapp kascht. 

D’Erfarung weist, datt Begeeschterung fir eppes z’änneren sielen unhält – déi gutt Virsätz: Wou sinn se hin? 

Dobäi kënnt dann nach, datt de Johannes, wéi sou muneche Prophéit oder Eremit virun him, an der Wüüst, gelieft huet. D’Wüüst ass déi Plaz, wou, der Iwwerliwwerung no, Israel Gott begéint ass, wéi deen, dee mat hinnen ënnerwee woar. Fir eis awer ass d’Wüüst déi Plaz, wou ee wuël ruffen a jäitze kann - wou awer keen Echo ass, nëmme Stëllt; do kënnt keng Äntwert op eis Stëmm; dat Gesotend verpufft einfach.

An esou gouf dem Johannes dem Deefer seng « Stëmm, déi an der Wüüst rifft » gläichbedeitend mat engem, dee virun eppes warnt, deen op eppes opmierksam maache wëlt, jo, deen esouguer Geforen op sech hëlt, ma, deen awer keen Echo kritt an esou eléng do steet wéi an enger Wüüst.

 

D’Eltere woarden op « e Wonner » fir hiert krankt Kand. Et ass « e Wonner », datt kengem eppes geschitt ass !

Kommt, kucke mer mol, wou deen Ausdrock hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:

Fir äis ass “e Wonner” eppes, wat komplett ausser der Rei geschitt, eppes Erstaunleches; et ass eppes, wat d’Wëssenschaften - op d’mannst elo nach net -, erkläre kënnen, well et jo grad schéngt, wéi wann d’Gesetzer vun der Natur fir ee Moment ausser Kraaft gesat wieren; “e Wonner” ass eppes, wat eise Verstand net faasse kann an, et ass eppes, wat eng Rei Leit a Verbindung brénge mat eppes Gëttlechem, oder mat Gott.

Wat mär haut ënnert engem “Wonner” verstinn, huet eppes mat eisem Weltbild vun haut ze dinn. 

An de Länner an deenen d’Bibel néiergeschriwwe gouf woar dat och esou – et hat ze di mam Weltbild vun de Leit vun deemools : mer schwätzen hei vun de Gebidder - grosso modo - tëscht dem Mëttelmier, dem Schwoarze Mier an dem Kaspesche Mier, tëscht Ägypten, dem Roude Mier an dem Persesche Golf, an deenen en äänlecht Weltbild allgemeng ugeholl woar a mer sinn, biblesch, an der Geschicht ënnerwee vun ongeféier 1000 viru Christus bis Ufank 2. Joerhonnert no Christus. 

Iwwregens: Dëst Weltbild woar an eise Géigenden och ugeholl bis un d’Enn vum Mëttelalter, dat heescht, bis Enn 15. Joerhonnert.

Wéi kann een dat “Weltbild” vun deemools kuerz ëmschreiwen?

Ma, hir « Welt » huet aus dräi Deeler bestanen : deem ieweschten, “gëttlechen” Deel – deem mëttelsten, enger Scheiw op dier de Mënsch doheem woar, an deem ënneschten, de béisen Dämonen a Götter hirem. Tëscht dësen dräi Deeler gouf et keng fest Grenz ; een Deel huet permanent an ee vun deenen aneren iwwergegraff.

Esou koum et, datt Mënschen (Réimer, Griichen, Judden an nach vill anerer) dacks d’Gefill haten, jo iwwerzeegt woaren, datt eppes vun deem Gëttlechen si « beréiert » hat – si haten dann eng ἐπιφανής, eng « Manifestatioun vun eppes Gëttlechem » erlieft, dat konnt am Alldag sinn, dat konnt awer och an oder ronderëm en Hellegtum, en Tempel, eng Pilgerplaz geschéien. 

An dier Plaze gouf et der eng Parti. Ganz bekannt ass z. B. d’Hellegtum  vum griichesche Gott Asklepios, Aesculapius op Latäin, zu Epidaurus, wou och eng ganz Rëtsch ex votoën, also Gedenktafele fir dem Aesculapius merci ze soen, fonnt goufen.

Fir d’Leit aus der Bibel ass aus hirer Erfarung eraus, datt dat Gëttlecht an eis Welt agräift,  eng Zort « Vertrauen » entstanen : « Vertrauen hunn op eppes » oder « vertrauen hunn an een » heescht op Griichesch πιστεύω, wat meeschtens mat « gleewen » iwwersat gëtt. 

Dëse « Glawen » huet also, fir si, op enger Erfarung berout, duerop datt si, deels stënterlech, gespuert hunn, datt dat Gëttlecht an hir Welt agegraff hat. 

Et geet ëmt en Erliewen – ee Staunen virun dier Kraaft (κράτος), virun dier Muecht (δύναμις), déi si hannert eppes, wat geschitt ass, gesinn hunn a wat, an hiren Aën, op dat Gëttlecht higewisen huet ; et geet also ëmt de Sënn an d’Bedeitung vun deem, wat si erlieft hunn, dat als en Zeeche vun eppes Gëttlechem gesi gouf. 

Datt dat Erlieftend « erstaunlech » woar oder “onerwoart” huet eng ganz kleng Roll gespillt fir si, well an hirer Welt eebe Villes souwisou erstaunlech oder onerwoart woar.

Dat heescht:

Fir eis ass e “Wonner” eppes Erstaunleches, Onerwoartes, eppes ausser der Rei wou een – evtl. – e Wierke vu Gott gesi kann

Fir d’Leit aus bibleschen Zäite bis un d’Enn vum Mëttelalter ass e « Wonner » déi direkt Erfarung vun eppes Gëttlechem wou een nom Sënn an der Bedeitung vun dier Erfarung freet. - Dat Erstaunlecht, Aussergewéinlecht hat dobäi just eng Nieweroll.

Et woar also genee ëmgedréint wéi fir eis.

Dat heescht och: Wa mer elo higinn a Wonnererzielungen an der Bibel liesen, duerch de Brëll vun eisem Weltbild erduerch, da froe mer no Detailer iwwert dat Aussergewéinlecht (“ass dat wierklech esou geschitt?”), déi deejéinegen, deen den Text geschriwwen huet, net wierklech interesséiert hunn.

De Schlëssel fir allgeméng déi biblesch « Wonnererzielungen » ze verstoen ass deen heiten:

De Gott vun Israel a vun de Chrëschten ass de Schëpfergott, e Gott, deen e Plang huet mat der Welt an dofir ëmmer erëm an d’Geschicht agräift an deen a Relatioun zu de Mënschen trëtt;

En zweete Schlëssel kënnt derbäi wa mer no de « Wonnererzielungen » an den Evangelie froen: dës sinn no Ouschtere geschriwwe gi wéi dem Jesus vun Nazareth seng Unhänger versicht hunn ze verstoen, wien dee Jesus war a wat säin Opdrag war ; dat, wat si gemengt hunn ze verstoe gouf an den Evangelie festgehalen an esou ass quasi all eenzel Zeil an den Evangelien e Credo, e Glawensbekenntnis ginn;

A woura besteet dat Glawensbekenntnis dat tëscht den Zeile steet vun den Texter iwwert Heelungen, sougenannten Dämonenausdreiwungen, “Naturwonner” (z. B. dat, wou de Jesus iwwert d’Waasser geet) ?  Dat Glawensbekenntnis, dat am Fong dat selwescht ass wéi am ganze Rescht vun den Evangelien?

Nämlech, 1. datt déi lescht Etapp an der Geschicht tëscht Gott an de Mënschen ugefaangen huet, 2. datt de Jesus vun Nazareth am Opdrag vum Gott vun Israel sech deene Kranken, Ausgestoussenen hirer ugeholl huet; dovunner sinn d’Wonnererzielungen en Zeechen. 

Ze wëssen a wiem sengem Opdrag de Jesus ënnerwee woar, woar ganz wichteg – grad well et Plaze gouf wéi z. B. Epidaurus, wou jo d‘Leit bei Krankheet Hëllef bei den Asklepios, de griichesch-réimesche Gott vun der Medizin, siche gaange sinn.

Wann een déi Texter an den Evangelie méi genee liest, da fällt op, datt eigentlech net dee Kranken, net dee sougenannte „Besiessenen“, net deen Ausgegrenzten am Mëttelpunkt vun der Erzielung stinn, mee, de Jesus vun Nazareth. – Firwat? – Ma, eebe well dat Glawensbekenntnisser vun deenen éischte Chrëschte sinn.

Deen do ass oarem wéi Job!

Kommt, kucke mer mol, wou deen Ausdrock hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:

Den Ausdrock “oarem wéi Job” gëtt et och am Franséischen – « pauvre comme Job » ; am Däitsche gëtt en iwwersat mat « arm, wie eine Kirchenmaus » an am Englesche mat “poor as a church mouse”. Dat heescht, een, deen “oarem ass wéi Job” ass - extreem – oarem an huet näischt ze räissen an ze bäissen. Iwwregens: wann am Franséischen éischter vum “Job” Rieds geet, esou gëtt hien am Däitschen éischter “Hiob” genannt – bekannt duerch den Ausdrock “Hiobsbotschaft”.

Eegal wéi, ier een dann elo “oarem ass wéi Job”, oder ier een eng “Hiobsbotschaft” kritt huet – vu wou kenne mer den Job oder Hiob? 

Ma, mer kennen hien duerch d’Buch Job aus dem Alen Testament; un der Erzielung vum אִיּוֹב - wéi hien op Hebräesch genannt gëtt, dier Sprooch an dier seng Geschicht ursprünglech verzielt ginn ass -, gouf laang geschafft : iwwer 500 Joer laang ëmmer erëm, graff gesot, vun 1000-500 v. Christus.

Wourëms geet et dann a wien ass oder woar dann elo deen “Job”, deen “Hiob”?

Ma, d’Buch Hiob verzielt d’Geschicht vun engem gerueden a fromme Mann, dee, quasi vun haut op moar, Alles geholl kritt: seng Kanner stierwen, hie verléiert säi ganze Besëtz a gëtt krank – hie kritt eng “Hiobsbotschaft” op déi aner an ass um Enn “Oarem wéi Job”! Mat der Erlabnis vu Gott, gëtt hien esou vun engem “Géigner” op d’Prouf gestallt ; ‘t geet drëms ze kucken, ier de Job nëmme fromm woar, well oder esou laang et him gutt gaangen ass.

Wéi dunn dräi Frënn vum Hiob sengem Ongléck héieren, komme si bei hien a kloen a kräischen ier se da siwen Deeg laang guer näischt méi soen. Dat verdréit den Hiob net méi an hie beklot säi Misär : Hie géif sech wënschen, ni gebuer ginn ze sinn a freet, firwat Gott dem Mënsch d’Liewe schenke géif, wann hien dann esou e Misär zouloosse géif.

Dueropshin erklären déi 3 Frënn een nom aneren dem Hiob, datt hie wuël eppes falsch gemeet huet a si ginn him, total vun sech an hirer Weisheet iwwerzeegt, Rotschléi : Iergendeppes muss den Hiob gemeet hunn, wat Gott net gefall huet; si verteidege Gott, dee ganz sécher eng Uersaach hat, fir den Hiob an deem Mooss ze strofen.

Den Hiob wëllt dës Uschëllegungen net op sech sëtze loossen, well hien ass sech absolut kenger Schold bewosst; hie fuerdert elo eng Äntwert direkt vu Gott.

Ma, ier Gott äntwere kann, kënnt den Elihu, dee méi jonk ass, wéi déi dräi Frënn an nach méi gescheit a nach méi vun sech iwwerzeegt. An, och hie versicht, an engem laaaange Monolog, dem Hiob z’erklären, firwat et him elo esou schlecht geet, firwat hien esou gestrooft ginn ass; et kann net anescht sinn, wéi datt den Hiob eppes Schlechtes oder Béises gemeet huet, fir esou en Ongléck verdingt ze hunn!

Dunn op eemol, mellt sech Gott zu Wuert – awer, ouni direkt op dem Hiob seng Fro anzegoen. Amplaz eng Erklärung ze gi firwat a fir wat deen, an eisen A, Gudden a Geruede leide muss, weist Gott den Hiob drop hin, datt hien, als Schëpfer, sech net begrenze léisst op d’Opfaassunge vu Recht a Gerechtegkeet, wéi d’Mënschen se festleeën.

Den Hiob mierkt dunn, datt hien an dëser Ausenanersetzung ënnerleeën ass, datt hien do net mathale kann. Hei kéint d’Erzielung eriwwer sinn, ma, neen, et kënnt nach ee ganz onerwoarte Schluss: D’Roserei vu Gott riicht sech géint déi dräi Frënn vum Ufank vun der Erzielung – déi jo alles dru gesat haten, Gott ze verteidegen! - an dem Hiob, deem geet et nees gutt: Hie kritt, esouwäit dat méiglech ass, alles zréck, wat hien zu Ugangs geholl kritt hat.

D’Buch Hiob woar, wéi et du schliisslech fäerdeg geschriwwe woar, ganz gewot, trotz dësem Schluss, an zwoar well et eng déif Iwwerzeegung vun deemools a Fro gestallt an diskutéiert huet ; déi Iwwerzeegung woar: “Et geet där esou am Liewen, wéi s du där et verdingt hues”, d.h. Gott belount déi Gutt a strooft déi net esou Gutt, an dat schonn zu Liefzäiten. Wien also räich a gesond woar, woar et WELL hie “gerecht” woar, d. h. WELL hien sech un all Gesetzer a Geboter gehalen huet, well hie gebied, gefaascht an deenen Oarme matginn huet.- Wien awer oarem oder krank woar hat net einfach Pech, mee, deen hat et net besser verdingt ….

Heiandsdo geeschtert nach haut en Echo vun dëser Iwwerzeegung an eise Käpp ronderëm : “Pass op, deen do kritt och nach seng Strof, wäerts gesinn!” – oder “Dee verdingt jo och näischt Anëschters!”

Mee, komme mer hannescht bei den Hiob : seng Froen, firwat Onschëlleger leide mussen, firwat Gott all déi Ongerechtegkeeten zouléisst; firwat et de Fatzerte gutt geet, an deene Gerueden, deene Gudden dacks net; ier d’Leed, dee ganze Misär e Sënn hunn; dës Froe sti bis haut am Raum; d’Leed, de Misär loose sech schlussentlech rational oder wëssenschaftlech net erklären.

D’Buch Hiob gëtt eng Liewenserfarung erëm, déi ëmmer scho gemaach gouf a gemaach gëtt. Den Hiob ass ee Beispill, wéi reliéis Mënschen dermat ëmgoe kënnen, ee Beispill ënnert villen, mee fir seng Zäit zimlech revolutionär. 

Warscheinlech woaren dat mat zwee Grënn, firwat d’Buch Hiob seng Plaz an der Bibel krut : Den Hiob ass net futti gaangen un deem, wat him geschitt ass. Mee, a senger Verzweiflung sicht hien Halt; hie wëllt verstoen, setzt sech mat Frënn a mat Gott ausernaner, stellt a Fro, klot un, fuerdert eraus – dobäi ass hien hin an hiergerappt : Hie streit mat Gott, an an engems hofft hien do op d’mannst eng Äntwert, wann net esouguer eng Upak ze fannen.

Am Buch Hiob sti gleewen an net gleewen, verzweifelen an hoffen, ukloen, erausfuerderen a resignéieren ganz no beieneen. Esou ass a bleift et zäitlous.

Si woaren een Häerz an eng Séil ! 

Kommt, kucke mer mol, wou deen Ausdrock hierkënnt, kucke mer, wat domadder geméngt ass:

Den Ausdrock “een Häerz an eng Séil” kënnt aus der sougenanntener “Apostelgeschicht”. Dat ass dat Buch am Neien Testament, dat direkt hannert deene 4 Evangelie kënnt. Eigentlech kann een d’Apostelgeschicht als den 2. Deel vum Lukas-Evangelium gesinn, well déi 2 Bicher sech esouwuel inhaltlech, wéi och stilistesch ganz vill gläichen. D’Apg gouf ëmt d’Joer 80 néiergeschriwwen an héchstwarscheinlech vun deem nämmlechten, wéi deen, deen d’Lukas-Evangelium verfaasst huet, iergendwou an enger Stad oder Géigend ronderëm d’Mëttelmier. Dacks ginn Ephesus, Antiochia oder Mazedounie genannt. D’”Apg” huet hiren Titel am 2. Joerhonnert vum Bëschof Irenäus vu Lyon kritt (AH III, 13, 3).

Meeschtens gëtt op Lëtzebuergesch vun der “Apostelgeschicht” geschwat. Méi richteg wier et awer vun den “Dote vun den Apostelen” ze schwätzen. Mat den "Apostelen", sinn hei net nëmmen déi 12 gemengt, vun deenen an den Evangelie verzielt gëtt an déi mat dem Jesus vun Nazareth duerch Galiläa a Judäa gezu sinn, mee och Leit wéi de Paulus, de Barnabas, de Jakobus, de Philippus oder och nach den Timotheus – lauter Leit also déi ganz äerdeg woare fir hire Glaf un de Jesus vun Nazareth ze verkënnegen an dofir vill ënnerwee woaren.

Firwat awer “Dote vun den Apostelen”?

Ma, well déi Aart a Weis, wéi an deem Buch d’Geschicht vun deenen Apostelen verzielt gëtt – wat si gesot a gemeet hunn - e Stilmëttel, eng “literaresch Gattung” woar, wéi se zënter dem 4. Joerhonnert v. Chr. d’éischt an der griichescher an dunn och an der réimescher Literatur gebraucht ginn ass fir d’”Dote” vu grouse Leit, fir d’”Dote” vun Helden néierzeschreiwen.

Wourëms geet et dann an den « Dote vun den Apostelen » ?

Se verzielen, wéi éischt Gemeinschafte vun dësen Apostele gegrënnt goufen, wéi se gelieft  a sech entwickelt hunn. Eng dovunner woar zu Antiochia, wou d’Leit aus esou enger Gemeinschaft fir d’éischte Kéier « Chrëschte » genannt goufen (Apg 11, 26).

Mer begéine Leit, déi och vun anerwäerts bekannt sinn, esou wéi z. B. de Pro-Konsul Gallio, deen dem Seneca, dem Keeser Nero sengem Léiermeeschter, säi Schwoer woar – de réimesche Gouverneur Felix oder d’Kinnigin Berenike. D’« Dote vun den Apostelen » verziele vun dem alleréischte Konzil zu Jerusalem. Se verzielen awer och vu Bedruch, et geet ëm Suen, falsch Zeienaussoen, Liggen, Zauberei a Gestreits. An se verziele vum Ënnerteneen a mateneen deelen, vun Heelungen, vu Luef a Freed, vun d’ Kéier am Liewe kréien.

Wou steet dann elo den Ausdrock “Een Häerz an eng Séil”?

Ma, dee steet an engem Deel vun der Apg, deen ee mat “Den Alldag vun de Chrëschten zu Jerusalem, Konflikter mat de juddeschen Autoritéiten a politeschen Instanzen a vu Konflikter ënnerteneen” iwwerschreiwe kéint (Apg 2, 42-5, 42). Méi genee steet “Een Häerz an eng Séil” am 4. Kapitel, am 32. Vers: Déi sëllege Leit, déi gegleeft hunn, waren een Häerz an eng Séil, an och net een eenzegen huet [och nëmmen] eent vun de Gidder, déi him gehéiert hunn, säin eegent genannt, mä alles huet hinnen zesumme gehéiert.

An der Bibel ass d’"Häerz" net nëmmen zoustänneg fir dem Mënsch seng Gefiller, mee, et ass am Häerz, wou de Mënsch gutt a béis mateneen ofweit a wou hien da seng Decisioun hëlt. An d’"Séil" ass als “Liewensotem”, als “dat, wat liewen deet” ze verstoen; fir d’Leit aus der Bibel kënnt dëse Liewensotem vu Gott an en ass dier ganzer Schëpfung, all Liewewiesen Déier, wéi Mënsch, ginn. “Een Häerz an eng Séil” bedeit deemno “déi nämmlecht Opfaassung hu vu gutt a béis an dofir nämmelecht Decisounen huelen an dem gemeisame Bewosstsinn datt dat, wat liewen deet, vu Gott kënnt”. 

D’Konsquenz dovunner ass : “ och net een eenzegen huet [och nëmmen] eent vun de Gidder, déi him gehéiert hunn, säin eegent genannt, mä alles huet hinnen zesumme gehéiert ». Deen, deen d’Apg néiergeschriwwen huet, gëtt also hei eng Beschreiwung, wéi eng Gemeinschaft vu Chrëschten eigentlech zesumme liewe sollt. Mee, seng « Dote vun den Apostele” am Grousse Ganzen, awer och dee méi noe Kontext vun eisem Ausdrock, weisen, datt an der Realitéit nach vill muss do dru geschafft ginn.

 

Wat bass du e Judas ! 

Op Franséisch ass “un judas” e Schlitz oder e klengt Lach an enger Dier, fir ze virwëtzen ouni selwer gesinn ze ginn.

Kommt, kucke mer mol, wou déi Ausdréck hierkommen, kucke mer, wat domadder geméngt ass:

Wann een zu engem seet, hie wier e Judas, da gëtt deejéinege mat dem Judas Iskarioth aus den Evangelie verglach. Dat ass deen, vun deem gemenkerhand gesot gëtt, hien hätt “de Jesus verroden”. - Dee Judas gëtt och nach 2x ganz zu Ugangs a ganz kuerz an der Apostelgeschicht ernimmt.

U sech ass “יְהוּדָה” e relativ heefegen Numm queesch duerch d’Bibel; e bedeit “gelueft”; “יְהוּדָה” gëtt am Alen Testament meeschtens erëmgi mat “Juda” (ouni “s” hannen); et woar ëmmer nach ee beléiftenen Numm am 1. Joerhonnert no Christus, dat heescht, zu dier Zäit wou d’Bicher aus dem Neien Testament néiergeschriwwe goufen. 

Am Neien Testament fanne mer dann och, nierft dem “Judas Isakrioth”, direkt nach e puer aner Leit, déi deen Numm hunn: de « Judas, dem Jakobus säi Jong », de « Judas, dem Jouseph säi Jong », de « Judas, de Galiläer », de « Judas, deen zu Damaskus gewunnt huet », de « Judas, deen och Barsabbas genannt gouf », fir mol nëmmen déi opzezielen.

A verschiddene Franséische Bibele gëtt dofir den Numm Ἰούδας mat “Judas” erëmgi wann et ëmt de Judas Iskarioth geet, de “Verréider”  - a “Jude” wann ee vun deenen anere Judasse gemengt ass – fir en Ënnerscheed ze maachen tëscht deem béise Judas an deenen anere mat deem nämmlechten Numm.

Komme mer zréck bei de « Judas Iskarioth ».

Wann een deen Numm an dee Personnage am Neien Testament  e bëssi méi genee ukuckt, da fallen engem verschidde Saachen op :

  • néierens steet, wéi “Iskarioth” ze verstoen ass an och haut ka kee mat Sécherheet soen, wat “Iskarioth” heescht
  • ausser an den Evangelien an an der Apostelgeschicht, gëtt hien néierens ernimmt – och net an dem Paulus senge Bréiwer, déi méi al si wéi d’Evangelien an d’Apg. De Paulus schreift einfach, wa rieds geet vun deem, deen de Jesus vun Nazareth un déi juddesch Autoritéiten ausgeliwwert huet vun deem, “deen de Jesus vun Nazareth verroden huet” ouni en Numm unzeginn
  • dem Judas säi Loun, wéi hien de Jesus « verroden » huet, wieren 30 Denare gewierscht, 30 Sëlwermënzen – wat, zu dier Zäit, net wierklech vill woar. - Ma, am Hebräeschen bedeiten d’ Buschtawen och Zifferen. A wann een d’Valeur vun de Konsonnante vu יְהוּדָה  zesummerechent, dat kënnt een op 30
  • verschidde Saachen, déi an den Evangelien mam Judas Iskarioth an Zesummenhang stinn, hu Parallelen am Alen Testament : mat déi opfällegst ass d’Geschicht vum Kinnik David a sengem Dinger Achitophel – dëse verréit den David, dee gesäit, wat “am Achitophel sengem Häerz “lass ass (d.h., wéi eng Décisioun dee geholl huet), ma, hie léisst säin Dinger gewäerden a gesäit doranner dem Herrgott säi Plang ; last, but not least, déi Geschicht mam David spillt, tselwescht wéi déi mam Judas um Gethsemani, um Olivebierg

Wéinst deenen Opfällegkeete gëtt et Fuerscher, déi sech froen, ier « Judas » am Kontext vun den Evangelien an der Apg net vläicht e symboleschen Numm wier, deen de « Verréider » am Nachhinein kritt hätt. - Dat ëmsou méi, well am Mt-Evangelium an am Johannes-Ev. d’Erzielung ëmt de Judas Iskarioth opgebaut ass, wéi traditionell e Kommentar vun engem Passage aus dem Alen Testament a Form vun enger Erzielung eeben opgebaut ginn ass, d.h. wéi e Midrash.   

Wann een dann nach higeet an an der Reienfolleg Markus-Evangelium – Lukas-Ev. – Matthäus-Ev. – Johannes-Evangelium – Apostelgeschicht liest, wat mer iwwert de Judas Isakrioth gewuer ginn, da fällt op, datt, wat mer chronologesch méi wäit fort gi vun dem Judas sengem Verrot, hien ëmmer méi wéischt, nidderträchteg a geldgiereg beschriwwe gëtt. Och säin Doud gëtt ëmmer méi schlëmm duergestallt: wa beim Markus just steet, hien hätt bereit, wat hie gemeet hat a wier sech dunn ophänke gaangen, sou kléngt dat an der Apostelgeschicht ganz anescht, an zwoar: de Judas hat vu sengen 30 Denaren “e Stéck Land kaaft a wéi hie vir eriwwer gefall ass, ass hien an der Mëtt opgebascht, an all säi Geträips koum erausgefall” (Apg 1, 18).

Mee, wat huet dee Judas da méi genee gemeet, fir an d’Geschicht anzegoen als de Verréider?

Ma, d’Evangelien an d’Apg verzielen, de Judas Isakarioth wier ee vun deenen 12 Jünger (Schüler) vum Jesus vun Nazareth gewierscht. Wéi d’Situatioun sech zu Jerusalem tëscht de juddeschen Autoritéiten an dem Jesus zougespëtzt huet, huet de Judas en Deal mat hinne gemeet (firwat hien dat gemeet huet, kréie mer net gesot) : Hie géif si bei de Jesus féieren an hinnen de Jesus weisen, doduerch datt hien de Jesus kësse géif, wat deemools eng respektvoll Manéier woar wier de Léiermeeschter ze begréissen. 

Fir d’Autoritéiten awer mat hiren Zaldoten op den Olivebierg bei de Jesus an de Rescht vun de Leit ëmt hien ze féieren, ass hie vum Dësch opgestanen, wou de Jesus zesumme mat senge Jünger d’Pessachfest gefeiert hat.

Et fällt awer op, datt nëmmen de Lukas eng eenzeg Kéier d’Wuert “προδότης / Verréider » fir de Judas gebraucht, an zwaor schonn am 6. Kapitel (Lk 6, 16); iwwerall soss gëtt ëmmer nëmme gesot, de Judas hätt de Jesus « ausgeliwwert”, hien hätt de Jesus den Autoritéiten « iwwerginn”, παραδίδωμι op Griichesch, wat de Luther mat “verroden” iwwersat huet.

Warscheinlech ass dat, wat de Judas gemeet huet, vun de Leit, déi d’Bibel geliesen hunn, als Verrot verstane ginn : zesummen un engem Dësch ze sëtzen an z’iessen, ze feieren an sech da vum Dësch ze hiewen an ee fir Suën un d’Autoritéiten ausliwwere ze goen ass jo och ee stoarkt Stéck. 

Ma, de Judas ass net iergendeen ausliwwere gaangen, ma de Jesus, säi Léiermeeschter. An duerno, de Chrëschten, déi dem Judas seng Geschicht geliesen hunn, hiren. An esou gouf de Judas zum Symbol fir de Verréider.

 

Info

Redaktioun: Fränz Biwer-Pettinger

Eng Zesummenarbecht vun der ErwuesseBildung an dem Service Communication et Presse