Dateschutz
Engagement iwwert d’Vertraulechkeet vun Äre perséinlechen Daten
De Service Kommunikatioun a Press sammelt esou wéineg wéi méiglech Daten iwwert Iech. Fir Iech déi richteg Informatiounen ze liwweren, oder wann Dir ons Hëllef op bestëmmte Säiten ufrot, kann et passéieren, datt mir e puer perséinlech Date brauchen.
De Service Kommunikatioun a Press behandelt Är perséinlech Date gewëssenhaft a verséchert sech, datt Är Privatsphär geschützt ass. Hei sinn ons dräi Engagementer, déi d’Vertraulechkeet vun Ären Date betreffen:
Esou wéineg wéi méiglech
Mir ginn Är perséinlech Daten ni ouni seriéise Grond un Drëtter weider.
Verantwortungsvollen Ëmgank
Mir behidden a behandelen Är perséinlech Daten esou, wéi wann et ons eege wieren.
Transparent Benotzung
Mir benotzen Är perséinlech Daten nëmme fir déi Zwecker, déi hei drënner beschriwwe sinn.
Wéi eng Websäite si vun dëser Politik betraff?
Dës Regele sinn op enger Rei vun Internetsäiten ëmgesat, déi op onsem zentrale Server gespäichert sinn. Et sinn dat de Moment dës Domainer:
aerzbistum.lu, archeveche.lu, cathol.lu, centrejean23.lu, churches.lu, cj23.lu, eglises.lu, eglisesouvertes.lu, irmine.lu, kierch.lu, kierchen.lu, kirchen.lu, lsrs.lu, nuit-des-cathedrales.org, oppekierchen.lu, pelerinages.lu, reech-eng-hand.lu, religions-luxembourg.lu, theorias.net, yes2family.lu
Aner Säiten, déi vu Mataarbechter vum Äerzbistum verwalt an op verschiddene Plaze gespäichert ginn, sinn net betraff. Wann Dir Informatioune wëllt, da musst Dir d’Dateschutz-Politik direkt beim Gerant ufroen, deen Dir op der “Kontakt”-Säit vum Website fannt.
Dës Regele betreffen och net déi intern Zougäng (Intranet a Content Management System) vun de Mataarbechter vum Äerzbistum.
Wéini gi mir Är Informatiounen un anerer weider?
De Service Kommunikatioun a Press entwéckelt d’Majoritéit vu senge Systemer selwer a schafft nëmme mat Partenairen zesummen, déi onse Standard vu Sécherheet a Vertraulechkeet erfëllen. Är Date ginn nëmmen a folgende Fäll un Drëtter weiderginn:
Kann ech meng perséinlech Date kontrolléieren?
Dir kënnt Iech vun onsen Newsletteren ofmellen, andeem Dir d’Method ausféiert, déi ënnen an all Mail steet.
Dir kënnt zu all Moment d’Läsche vun Ären Date per Email un dataprotection@cathol.lu froen. Mir engagéieren ons, dat an enger raisonnabeler Zäit vun e puer Deeg ze maachen. Dir sidd Iech bewosst, datt et ka bis zu 30 Deeg daueren, bis all Är Date vun allen onse Backup-Systemer geläscht sinn.
Wéi garantéiert Dir d’Sécherheet vu menge perséinlechen Daten?
Aus Sécherheetsgrënn gi mir keng Detailer iwwert ons Sécherheetspolitik. Mir kënnen Iech awer e puer Saache matdeelen, déi et ons erlaben, Är perséinlech Daten ze behidden:
- Mir verschlësselen all ons Websäiten, fir d’Injektioun vu béisaartegem Code ze verhënneren, deen Är Identitéit klaue kéint, andeem Informatioune vun Ärem Computer gelies ginn.
- Mir verschlësselen Är perséinlech Daten, déi Dir ons iwwert elektronesch Formulairë schéckt.
- Mir halen Daten déi näischt mateneen ze dinn hun a getrennten Datebanken.
- Mir benotzen déi neiste Verschlësselungs-Techniken, fir ze verhënneren datt een Informatiounen offänkt.
- Ons Mataarbechter si forméiert a gi regelméisseg op déi bescht Praxis higewisen, fir d’Vertraulechkeet vun Äre perséinlechen Daten ze garantéieren.
- Ons Internet-Servere sinn an engem Datenzenter an der Schwäiz, deen exklusiv vun onsem Partner Infomaniak Network benotzt gëtt. Si sinn duerch e puer Couchë vu Software a physikalescher Sécherheet geschützt. D’Sécherheet gëtt regelméisseg vu spezialiséierte Firmae getest, fir Lächer ze erkennen ier se konnten ausgenotzt ginn.
Gëtt et automatesch Decisiouns-Prozesser oder Profiller?
De Service Kommunikatioun a Press akzeptéiert keng Decisioun, déi duerch automatesch Profiller getraff gëtt.
Den Dateschutz-Delegéierte (“Data Protection Officer”) vum Äerzbistum
Hien ass den interne Garant fir d’Anhale vun den Dateschutz-Regelen am Äerzbistum. Hien huet déi néideg Ressourcen, fir seng Roll ouni Interessekonflikt auszeféieren, am Respekt vun den Obligatiounen a gudde Praktiken, déi den Äerzbistum am Kader vum Schutz vun de perséinlechen Daten uwent.
Säit dem 25. Mee 2018 ass den Här Uwe FRANZEN den Dateschutz-Delegéierten. Hie ka per Email op dataprotection@cathol.lu kontaktéiert ginn.