Skip to main content Skip to page footer

Programm vun der Sonndesmass

Den 23. Juli gëtt d’Sonndesmass vu Beetebuerg iwwerdroen. Et séngt d’Chorale Ste-Cécile Beetebuerg, Dirigentin ass d’Myriam Schartz. Op der Uergel begleet de Romain Ludwig. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

D’Chorale Sainte-Cécile Beetebuerg

D’Chorale Ste Cécile vu Beetebuerg huet scho vill Joren um Bockel. Sie gouf 1889 an d’Liewe geruff, fir d’éischt als Männerchouer, nom 2. Weltkrich koum kuerzfristeg e Bouwechouer derbäi a säit 1966 konnten Damme bäitrieden. De Chouer verschéinert d’Sonndesmassen, sengt Begriefnisser an Hochzäiten an och weltlech Optrëtter stinn um Programm.
D’Chorale besteet am Moment aus 15 aktive Memberen a gëtt geleet vum Myriam Schartz. Den Organist op der Beetebuerger Uergel ass de Romain Ludwig.
Mir treffen eis all Donneschden um 19.30 Auer an der Kierch fir ze prouwen. Wien sech eis wëllt uschléissen ass häerzlech wëllkomm, well de Chouer ass frou fir all neie Member.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Introduktioun iwwert d’Agangslidd  
Agangslidd Ein Haus voll Glorie Joseph Mohr
Kyrie Guardian Angel Mass L. Nemmers
Gloria Gloria, Ehre sei Gott Kathi Stimmer-Salzeder
Alleluja Alléluja, paroles de vie Jean-Marie Vincent
Credo gëtt gebiet  
Gowelidd Seigneur mon âme s’émerveille C.C. Scholefield
Sanctus Guardian Angel Mass L. Nemmers
Anamnes Gloire à toi LD 263
Agnus Dei Guardian Angel Mass L. Nemmers
Kommiounslidd Un cri de joie: Magnificat! Guy de Courrèges
Schlusslidd Geh mit Gottes Segen Pasquale Thiébaut
Uergel: Sortie Fuga BuxWV174 Dietrich Buxtehude

De 16. Juli gëtt d’Sonndesmass vu Biekerech iwwerdroen. Et séngt d’Chorale Réunie Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul, Dirigent ass de Fernand Scheller, op der Uergel begleet d’Tamara Rosselet. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

De 16. Juli gëtt d’Sonndesmass vu Biekerech iwwerdroen. Et séngt d’Chorale Réunie Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul, Dirigent ass de Fernand Scheller, op der Uergel begleet d’Tamara Rosselet. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Réunie Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul

D’Chorale Réunie Biekerech – Rippweiler – Schweecherdaul séngt d’Tëleesmass vum 16.07.2023 zu Biekerech ënnert der Direktioun vum Här Fernand Scheller. Organistin ass d’Madamm Tamara Rosselet. D’Chorale Réunie gouf schonn 2001 an d’Liewe geruff vum Albert Brauch, deen äis 2021 allze fréi verlooss huet.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Concerto en ré BWV 596 Johann Sebastian Bach
Agangslidd Morning has broken Lorenz Maierhofer
Kyrie Messe Solennelle Fernand Jung Fernand Jung
Gloria Sur la terre et dans les cieux Jo Akepsimas
Alleluja Alleluja, ton appel Jo Akepsimas
Credo gëtt gebiet  
Gowelidd Brot und Wein Klaus Heizmann
Sanctus Messe Solennelle Fernand Jung Fernand Jung
Anamnes Messe Solennelle Fernand Jung Fernand Jung
Agnus Dei Messe Solennelle Fernand Jung Fernand Jung
Kommiounslidd Mach mich würdig Lorenz Maierhofer
Schlusslidd Ein Haus voll Glorie schauet Joseph Mohr
Uergel: Sortie Leschte Satz vum Concerto en ré BWV 596 Johann Sebastian Bach

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don