Skip to main content Skip to page footer

Kardinolserhiewung

E Samschdeg, 5. Oktober 2019, gouf eisen Äerzbëschof, de Mgr. Jean-Claude Hollerich zesumme mat 12 anere Bescheef vum Poopst Franziskus wärend dem Consistoire zum Kardinol erhuewen. Mir felicitéieren dem neie Kardinol Jean-Claude Hollerich vu ganzem Häerzen!

Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich ass Kardinol

Mgr Hollerich: "Ech si frou fir d’ganz Lëtzebuerger Kierch"

De Poopst Franziskus huet um Sonndeg Mëtteg, 1. September 2019, nom Angelus, d’Ernennung vun 13 neie Kardineel annoncéiert, ënnert hinnen eisen Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich. De Konsistoire war e Samschdeg, 5. Oktober 2019, virum Optakt vun der Amazonas-Synod. 

An enger éischter Reaktioun fir cathol.lu huet den Äerzbëschof sech ganz iwwerrascht gewisen iwwer dës Ernennung, mat där hien iwwerhaapt net gerechent hat. An der Vakanz a Portugal krut hien no der Sonndesmass eng Partie Gléckwënschmessagen an der Suite vun der Annonce vum Poopst Franziskus. De Mgr Hollerich wëll dëst neit Amt an aller Bescheidenheet ugoen a sech nach méi asetze fir déi Sujeten, déi him an der Kierch wichteg sinn, notamment Europa, d’Flüchtlingskris an de Klimaschutz. Bei der Ernennung huet den Engagement vum Äerzbëschof um Niveau vun der EU sécher och eng Roll gespillt, huet de Poopst dach eng ganz héich Opinioun vun Europa. Hei muss d’Kierch wierken, wann et ëm Fridden an Ëmweltschutz geet, an do ass Europa gefuerdert, betount den Äerzbëschof. D’Nominatioun zum Kardinol ass an deem Sënn eng Hëllef bei der Aarbecht als Comece-President a mécht d’Dieren op. “Ech sinn awer och virun allem frou fir d’ganz Lëtzebuerger Kierch”, sou den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, dee sech iwwer di ganz vill Messagen a Gratulatiounen erfreet gewisen huet, dorënner Gléckwënsch vun der groussherzoglecher Koppel.

Consistoire à Rome : la création cardinalice de Mgr Hollerich

Regardez l’émission intégrale de Vatican News

Foto-Galerie zu der Kardinolserhiewung

Kardinolserhiewung vum Mgr. Jean-Claude Hollerich

05.10.19

D’Titelkierch vum Kardinol Hollerich

San Giovanni Crisostomo zu Roum | 05.10.19

Op der Péitersplaz virum Consistoire

05.10.19

De Mgr. Jean-Claude Hollerich gouf zum Kardinol erhuewen

05.10.19

Offiziell Fotoe vum Hellege Stull

Copyright: Vatican Media | 05.10.19

Offiziellt Iessen

Offiziellt Iessen op Invitatioun vum Lëtzebuerger Ambassadeur beim Hellege Stull | 05.10.19

Amazonas-Synod

Optakt vun der Amazonas-Synod am Péitersdoum | 06.10.19

Visite vun der Kierch San Giovanni Crisostomo

Fotoen: Patrick de Rond | 06.10.19

Owesgebiet an der Kierch Santa Maria in Trastevere

Owesgebiet mat der Communautéit Sant’Egidio an der Kierch Santa Maria in Trastevere (Fotoen: Patrick de Rond) | 06.10.19

Visite vun de vatikanesche Gäert

07.10.19