Skip to main content Skip to page footer

D'Evangelium op Lëtzebuergesch

Joer A

Joer B

Joer C

Schlëssel fir d'Evangelium

Ënnert dëser Rubrik fannt Dir e "Schlëssel" fir d’Evangelium vum jeeweilege Sonndeg am Kierchejoer.

Dëse "Schlëssel" ass keng Exeges vum Text an och kee Kommentar. Aus der laangjäereger Erfahrung mat ganz ënnerschiddleche Gruppe bei Bibelowender an a Bibelcoursen eraus huet et ais nëtzlech geschéngt, op d’Eegenaart vun all Evangelist an op verschidden Elementer, Gebräich a Wierder aus der neitestamentlecher Zäit anzegoen. Et goung äis och drëm, Widderhuelungen am Opbau vun den Evangelien oder den Erzielungen ze weisen, an all Extrait an e Kontext ze setzen. Op déi Manéier gëtt den Zougank zum Text erliichtert, den Text gëtt "opgespaart".

Bal 2000 Joer trennen äis vun der Redaktioun vun den Evangelientexter. Eis Mentalitéit, eis Aart a Weis fir ze schreiwen an ze denke sinn anescht. Esou e "Schlëssel" kann engem hëllefen, esou wäit dat méiglech ass, fir den Text esou ze liesen, wéi den Evangelist e gemengt huet. Eréischt da kënne mer froen, wat den Text fir äis haut bedeite kann.

Dës Rubrik fänkt u mam 1. Adventssonndeg vum Joer C. No an no gëtt se opgestockt, duerch déi dräi Kierchejoren erduerch.

Fränz Biver-Pettinger