Skip to main content Skip to page footer

Invitatioun fir den „Te Deum“ an der Kathedral

Gottesdéngscht mat engem multireliéise Gebiet op Nationalfeierdag um 16.30 Auer

Am Kader vun der ëffentlecher Feier vum Gebuertsdag vun eisem Grand-Duc invitéiert de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, d’Populatioun, um feierlechen „Te Deum“ an der Kathedral deelzehuelen. Zesumme mat Vertrieder aus dem ëffentleche Liewe wëlle mir eis Verbonnenheet mam Land a sengem Staatschef ausdrécken. Als gleeweg Mënsche wëlle mir fir eise Grand-Duc, all politesch Responsabel a fir d’Wuel vun eisem Land bieden.

De Gottesdéngscht, dee mat engem multireliéise Gebiet ageleet gëtt, ass op Nationalfeierdag, sonndes, den 23. Juni 2024, um 16.30 Auer. Aus organisatoresche Grënn gëtt gebieden, tëscht 15.30 a spéitstens 16.00 Auer an der Kathedral Plaz ze huelen. Eragoe kann een nëmmen duerch den Agank an der Rue Notre-Dame. 

Matgedeelt vum äerzbëschoflechen Ordinariat

Weider Aktualitéien

Invitatioun fir den „Te Deum“ an der Kathedral

Prier avec le Sacré-Cœur : le pape François prépare un nouveau document

Le Pape François au Luxembourg !

Clôture de l'Octave 2024