Skip to main content Skip to page footer

Tëleesmass

Live a Replay vun der Sonndesmass

Aus „Radiosmass“ gouf „Tëleesmass“: vum 1. Oktavsonndeg 2021 u gouf aus der „Radiosmass“ definitiv eng „Tëleesmass“ an um Fernsehkanal RTL Zwee esou wéi och um ApartTV ausgestraalt. Dat dierft vill Leit freeën, déi sech Sonndeg fir Sonndeg aschalten.

Dëst bréngt och méi Käschte mat sech. Wann déi generéis Donateure vun der „Radiosmass“ sech och ginge fir d’„Tëleesmass“ engagéieren, da kënnten all d‘Notznéisser vun deër neier Entwécklung hinnen dankbar sinn.

Kontakt

Dir wëllt eis kontaktéieren wéinst enger Fro zur Tëleesmass oder d'CD vun der Mass ufroen? 

Kontakt: Service Communication et Presse, Tel. 44743-401 oder teleesmass@cathol.lu 

Live & Replay

Hei leeft sonndes moies vun 9.00 bis 10.00 Auer d’Iwwerdroung vun der Sonndesmass, all Kéiers aus enger anerer Kierch. Am Replay Dir d'Massen, déi eriwwer sinn nach eng Kéier kucken a lauschteren. Wielt an der Lëscht ënnen den Datum a klickt dann op déi Zeil. 

Aner Sonndesmassen op der Tëlee:

Deeglech Massen:

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung!

Säit Januar 2017 finanzéiert de Bistum d’Opnam an zum gudden Deel och d’Iwwerdroe vun de Massen fir den Internet, .dokTV an RTL selwer. D’Fondation Sainte-Irmine ënnerstëtzt dëse Projet, dee sech u Mënsche riicht, déi aus Gesondheets- oder anere Grënn net an d’Kierch goe kënnen, a fir déi d’Deelhuele via d’Medien dann déi eenzeg Méiglechkeet ass.

Hëlleft mat, a maacht en Don online oder spent op de Konto vun der Fondation Sainte-Irmine LU64 1111 7017 0305 0000 mam Stéchwuert “Tëleesmass”.
Är Spend ka vun de Steieren ofgesat ginn. Villmools Merci!